printEnvoyer à un ami

Détail

Surendettement: attention aux achats impulsifs à l'Autofestival

Ligue Medico-Sociale: Sech dat kafen, wat Moyenën entsprécht


RTL - 18.01.2012, 18:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.01.2012, 18:28

Neit Faillitegesetz: Am Kontext vum Autofestival wëll de Service vun der Iwwerverschëldung vun der Ligue Medico-Sociale d'Konsumente sensibiliséieren.

 

 

Kleeschen, Chrëschtcadeauen, vill Rechnungen am Januar an elo den Autofestival... de Reiz, den Drock an och d'Verféierung eppes Neies ze kafen ass grouss.

Am Kontext vum Autofestival wëll de Service vun der Iwwerverschëldung vun der Ligue Medico-Sociale d'Konsumenten sensibiliséieren: Net fir keen Auto ze kafen, mä wann een en Auto keeft, een, deen den eegene Moyenen entsprécht an datt een d'Niewekäschten zum Beispill bedenkt. Vill Leit sinn nämlech héich verschëlt, heiansdo esou schlëmm, datt se net méi wëssen, wat se solle maachen. Fir si ass d'Faillitegesetz geduecht, dat geschwë kéint gestëmmt ginn.

Et geet ëm d'Faillite fir de Privatmann. Déi lescht Méiglechkeet, wann ee soss net méi eens gëtt mat senge Scholden an dat aalt Gesetz u seng Grenze stéisst, sou de Christian Schumacher vum Service Surendettement vun der Ligue Medico Sociale. En neie Start fir een iwwerfuerderte Privatmann an der Faillite ass elo méiglech.

Op d'mannst anerhalleft Joer wäert et dann daueren, bis déi ganz Prozedur ofgeschloss ass. Et ass e groussen administrativen Opwand, och well een Abuse wëll verhënneren. Eng Privatfaillite ass vergläichbar mat enger Faillite vun enger Firma. Ee Liquidateur këmmert sech fir Suen flësseg ze maachen, fir Creancieren ze bezuelen.

Wann d'Gesetz gestëmmt ass – déi lescht Avise stinn nach aus – an am Memorial publizéiert gëtt, trëtt et awer eréischt ee Joer dono a Kraaft, well nach muss e Register gemaach ginn. Dat ass schued, datt et nach sou laang dauert, mä allgemeng ass de Christian Schumacher ganz zefridde mam aktuellen Text.