printEnvoyer à un ami

Détail

Ligue Medico-Sociale: Sech dat kafen, wat Moyenën entsprécht

Ligue Médico-Sociale: 402 nei Dossiere Surendettement 2011


 RTL - 23.02.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.02.2012, 07:04 | 1 Commentaire(n)

Ligue Médico-Sociale: Dat lescht Joer goufen am Service Surendettement 402 nei Dossieren traitéiert. Dobäi koumen awer nach eng 380 Dossieren "en cours".

61% vun de Lëtzebuerger hunn enger CEPS-Etude no op d'mannst ee Prêt lafen, eng gutt Partie dierfte fir den Autofestival dobäi komm sinn. Ma hannert all Prêt stécht natierlech och eng méiglech Gefor sech iwwerzeverschëlden, zemol, wann et op eemol den Iwwerbléck iwwert seng Mensualitéite verléiert.

Meeschtens dann, wann et ze spéit ass schonn, adresséiere sech d'Leit un d'Ligue Médico-Sociale – ee Service, wou een d'lescht Joer 402 nei Dossieren traitéiert huet. Dobäi koumen nach eemol eng 380 Dossieren „en cours“, sou datt d'Leit vum Service „Surendettement“ méi, wéi genuch ze dinn haten.

De Profil vun de Leit, déi sech ze héich verschëlden entsprécht deem vun der Populatioun am Land, woubäi déi grouss Zuel vu Saisien opfält, déi sech op 12.000 chiffréiert an eng 60.000 Ordonnances de Paiement déi geschwat goufen.

Scho ganz laang ass dat neit Faillitegesetz an der Maach, wou déi eenzel Avisen an der zoustänneger Chamber-Commissioun duerchgeholl ginn an duerch dat de Prinzip vun der „ziviler Faillite“ agefouert gëtt, déi am Text „Rétablissement Personnel“ heescht. Eng zweet Chance also, fir Leit, déi keen Auswee méi aus der Scholdefal gesinn....ma d'Gesetz léisst wéi gesot op sech waarden, ënnert anerem hat nom Doud vum Mil Majerus missten mam Jean-Paul Schaaf en neie Rapporter gesicht ginn.